Smoking Dudes
Léif Aficionados,
D’Idee fir en Zigaren a Spirituose Club ze grënnen hate mir scho laang, mee iwwert e konkrete Plang ass eréischt am Wanter 2011 geschwat ginn.
Den Numm hate mir schnell fonnt, e Clublokal och, sou dass weider näischt méi am Wee stoung, a well mir keng hallef Saache wollte maachen, hu mir och direkt eng a.s.b.l gegrënnt.
Den 31.01.2012 war et dunn esou wäit a mir hunn eis Statute beim Registre de Commerce agereecht an d´a.s.b.l. Smoking Dudes war gegrënnt.
Eist Clubtreffen ass ëmmer all zweeten Donneschden géint 19h, meeschtens am Clubhaus, respektiv op anneren Platzen, Sonndes fennt een eis meeschtens op eisem Casual Sunday, deen op verschiddene Platze statfent.
De Sënn vum Club ass ënnert anerem fir mat Gläichgesënnte flott a relax Owender ze verbréngen a cool Eventer ronderëm d´Thema Zigaren a Spirituosen z’organiséieren an ze besischen.
Fir weider Renseignementer sti mir Iech gären zur Verfügung, schéckt eis einfach eng E-Mail op
Vill Spaass op eiser Säit.
Alain Zeig
Président Smoking Dudes a.s.b.l.